close
Op den Inhalt sprangen

Haiti

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Haiti
Kaart mat der Lag vum Land
Lag vum Land
National Devise
L'union fait la force[1]
("Eenegkeet mécht staark")
Allgemeng Informatiounen
Offiziell Sprooch Franséisch, Kreol (Haiti)
Haaptstad Port-au-Prince
Staatsform Republik
Staatsleedung
President vun Haiti Conseil de Transition (Haiti)
Premierminister vun Haiti Alix Didier Fils-Aimé
Geographie a Bevëlkerung
Fläch 27.750 km²
Bevëlkerung 10.981.229 (2017)
Bevëlkerungsdicht 413,3 Awunner/km²
Geschicht a Staatssymboler
Onofhängegkeet 1. Januar 1804 vu Frankräich; 17. Abrëll 1825 unerkannt
Nationalhymn La Dessalinienne
Praktesch Informatiounen
Wärung 1 Gourde HTG = 100 Centimes
Zäitzon UTC -5 (keng Summerzäit)
Internet-TLD .ht
Internationalen Telefonsprefix +509

Haiti (haitianesche Kreol: Ayiti; fr.: Haïti) ass en Inselstaat an de Groussen Antillen an der Karibik. Haiti ëmfaasst de westlechen Deel vun der Karibikinsel Hispaniola, den Ostdeel dovun ass d'Dominikanesch Republik.

Den Numm kënnt aus der Sprooch vun den Taíno, den Urawunner vun Hispaniola, a bedeit "biergesch Land". De Gros vun den 9 Milliounen Awunner staamt aus Afrika. Port-au-Prince heescht d'Haaptstad vun Haiti.

Haiti ass dat eenzegt Land vum amerikanesche Duebelkontinent, dat zu den am mannsten entwéckelte Länner gezielt gëtt. Eng schwach Ekonomie an instabil politesch Verhältnesser mat heefegen Onroue sinn d'Ursaachen dofir, datt iwwer 3 Milliounen Haitianer an den 1990er Joren ausgewandert sinn.

Den 12. Januar 2010, ëm 16.53 Lokalzäit, huet en Äerdbiewen mat der Amplitud 7 dat ganzt Land erfaasst a sämtlech Infrastrukture staark beschiedegt. Den Epizentrum louch am Mier, 15 km virun der Haaptstad Port-au-Prince, déi zu 90% zerstéiert gouf.[2]

 Commons: Haiti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Déi selwecht Devise hunn d'Belsch a Bulgarien.
  2. Radio 100komma7, 12:30 Auer, 16. Januar 2010.