close
Op den Inhalt sprangen

2020

Vu Wikipedia

Dës Säit befaasst sech mam Joer 2020.

Image
De SARS-CoV-2 verursaacht eng Pandemie mat weltwäit schwéiere Repercussiounen op Gesondheet, Gesellschaft an Ekonomie.

D'Joer 2020 huet op engem Mëttwoch ungefaangen. Et war e Schaltjoer.

  • 29. Februar: Den ëffentlechen Transport gëtt am ganze Land gratis fir d'Passagéier (ausser 1. Klass an international Zich).
  • 29. Februar: Déi éischt Persoun am Land gëtt positiv op de SARS-CoV-2 Virus getest.
  • 16. Mäerz: Fir der COVID-19-Pandemie entgéint ze wierken, bleiwen op Uerder vun der Regierung Schoulen, Crèchen, Restauranten, Caféen, Concerts- an Theatersäll, Kinoen, Sportplazen an all Geschäfter, ausser Liewensmëttel-, Zeitungs- a Brëllebutteker an Apdikten, zou. D'Leit solle sech sou wäit et geet vun aneren ewechhalen. Dës Restriktioune gi vu Mee u phaseweis nees opgehuewen, fir dann awer vun Enn November un nees unzezéien, well d'Zuel vun den Neiinfektioune vu September un nees an d'Luucht gaange ass.
  • 18. Mäerz: D'Regierung rifft den État de crise aus (Art. 32(4) vun der Verfassung), deen den 21. Mäerz vun der Chamber mat engem Gesetz op dräi Méint verlängert gëtt.
  • 13. Dezember: D'Verlängerung vun der Tramslinn T1 vun der Stäreplaz op d'Gare gëtt a Betrib geholl.
  • 28. Dezember: Ufank vun der Impfcampagne géint de SARS-CoV-2-Virus.

Arabesch Welt an Noen Osten

[änneren | Quelltext änneren]

Australien an Ozeanien

[änneren | Quelltext änneren]

Konscht a Kultur

[änneren | Quelltext änneren]
  • 20. Abrëll: Wéinst der niddereger Nofro, bedéngt duerch d'COVID-19-Pandemie, gëtt fir d'éischt Kéier iwwerhaapt de Präis vum Barrel Pëtrol negativ gehandelt: fir kuerz Zäit gouf e fir -38 USD verkaaft.

Wëssenschaft an Technik

[änneren | Quelltext änneren]

Wëssenschaftspräisser

[änneren | Quelltext änneren]
  • Alfred V. Aho und Jeffrey Ullman fir fundamental Algorithmen an Theorien, déi Basis bilde fir d'Implementiere vu Programméiersproochen, a fir d'Synthees dovun an och vun anere Resultater an hire Bicher mat deene Generatiounen vun Informatiker ausgebilt goufen.

Wéinst der COVID-19 Pandemie si vill sportlech Evenementer, Championnater oder Turnéiere verréckelt ginn oder ganz ausgefall.

  • 05. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Olympiastadion zu Baku an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:1 géint Azerbaidjan.[7]
  • 08. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:1 géint Montenegro.[8]
  • 07. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 1:2 géin Liechtenstein.[9]
  • 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 2:0 géint Zypern.[10]
  • 13. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Gradski Stadion zu Podgorica an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Montenegro.[11]
  • 11. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert am Stade Josy-Barthel an der Stad an engem Frëndschaftsmatch 0:3 géint Éisträich.[12]
  • 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt am GSP Stadion zu Nikosia an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 1:2 géint Zypern.[13]
  • 17. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an déi aserbaidjanesch spillen am Stade Josy-Barthel an der Stad an an engem Qualifikatiounsmatch fir d'UEFA Nations League 0:0 gläich.[14]
Image
Eugène Berger
Image
Kirk Douglas
Image
Jean-Pierre Junius
Image
Javier Pérez de Cuéllar
Image
Tonie Marshall
Image
Albert Uderzo
Image
Little Richard
Image
Michel Piccoli
Image
Jay Schiltz
Image
Ennio Mordicone
Image
Olivia de Havilland
Image
Chadwick Boseman
Image
Annie Cordy
Image
Diana Rigg
Image
Juliette Greco
Image
Sean Connery
Image
Diego Maradona
Image
Valéry Giscard d'Estaing
Image
Pamela Tiffin
Image
John Le Carré
Image
Claude Brasseur
Image  Commons: 2020 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. The Nobel Prize in Physiology or Medicine 2020. In: nobelprize.org, 5. Oktober 2020.
  2. The Nobel Prize in Physics 2020. In: nobelprize.org, 6. Oktober 2020.
  3. The Nobel Prize in Chemistry 2020. In: nobelprize.org, 7. Oktober 2020.
  4. The Nobel Prize in Literature 2020. In: nobelprize.org, 8. Oktober 2020.
  5. The Nobel Peace Prize 2020. In: nobelprize.org, 9. Oktober 2020.
  6. The Sveriges Riksbank Prize in Economic Sciences in Memory of Alfred Nobel 2020
  7. (en) Azerbaijan vs Luxembourg, 5 September 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  8. (en) Luxembourg vs Montenegro, 8 September 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  9. (en) Luxembourg vs Liechtenstein, 7 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  10. (en) Luxembourg vs Cyprus, 10 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  11. (en) Montenegro vs Luxembourg, 13 October 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  12. (en) Luxembourg vs Austria, 11 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  13. (en) Cyprus vs Luxembourg, 14 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.
  14. (en) Luxembourg vs Azerbaijan, 17 November 2020. eu-football.info. Gekuckt den 08.09.2021.