close
Op den Inhalt sprangen

Arabesch

Vu Wikipedia
Arabesch
Gëtt geschwat an:

Image Algerien
Image Libyen
Image Marokko
Image Mauretanien
Image Tunesien
Image Demokratesch Arabesch Republik Sahara
Image Egypten
Image Irak
Image Israel
Image Jordanien
Image Libanon
Image Palestina
Image Syrien
Image Dschibuti
Image Eritrea
Image Komoren
Image Somalia
Image Somaliland
Image Sudan
Image Tschad
Image Bahrain
Image Jemen
Image Katar
Image Oman
Image Saudi-Arabien

Image Vereenegt Arabesch Emirater
Regioun Afrika, Asien
Gëtt geschwat vun: 313 Millioune
Mammesproochler
Klassifikatioun no Sproochfamill:

Afroasiatesch Sproochen‎

Offizielle Status
Reglementéiert vun: Arabesch Sproochakademie
Sproochcoden
ISO 639-2 ara
ISO 639-3 ara

Arabesch (العَرَبِيةُ al-ʻarabiyyah oder عربي ,عربى ʻarabī) ass déi semitesch Sprooch, déi am wäitsten op der Welt verbreet ass. De Begrëff bezeechent dat klassescht Arabesch aus dem 6. Joerhonnert (an deem spéider och de Koran geschriwwe gouf) an déi modern Sproochen, déi doraus entstane sinn (mat Ausnam vum Malteeseschen).

Héich-Arabesch oder ‏الفصحى‎ Fuṣḥā ass eng vun de sechs Aarbechtssprooche vun de Vereenten Natiounen. Arabesch gëtt vu ronn 206 Millioune Leit als Mammesprooch a vu 94 Millioune Leit als Zweet- oder Friemsprooch geschwat.[1] Well se am reliéise Kontext vum Islam benotzt gëtt huet sech d'Arabescht zur Weltsprooch entwéckelt.

Héicharabesch, Modernt Standard-Arabesch genannt, ass déi eenzeg offiziell Form vum Arabeschen. Et gëtt an de meeschte geschriwwenen Dokumenter benotzt a bei formelle Geleeënheete geschwat (Virliesungen, Medien…). Marokkanescht Arabesch war eng Zäit laang a Marokko eng offiziell Sprooch, bis d'Land Member an der Arabescher Liga ginn ass.

Image
D'arabesch Sprooch an der Welt: offiziell (gréng) a ko-offiziell majoritär (hellblo), minoritär (donkelblo)
Image 00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Die meistgesprochenen Sprachen weltweit (Muttersprachler und Sprecher in Millionen)