close
Op den Inhalt sprangen

Library of Congress Control Number

Vu Wikipedia

D'Library of Congress Control Number (LCCN) och nach Kontrollnummer vun der Bibliothéik vum US-Kongress ass en Identifiant fir e katalogiséierten Datesaz, dee vun der Library of Congress vergi gëtt gëtt. De System gëtt zënter 1898 benotzt an ass onofhängeg vum Contenu vun engem Buch. Den LCCN däerf net mat der Library of Congress Classification (LCC) verwiesselt ginn.

An senger haiteger Form, déi 2001 agefouert gouf, besteet den Identifiant aus engem alphabetesche Prefix vun zwéi Buschtawe, dee just fir Autoritéitsdaten (Persounen a Schlësselwierder) benotzt gëtt, an hannendru véier Positioune fir d'Joer an eng sechsstelleg Ordinalzuel, woubäi d'Ordinalzuel dacks ofgekierzt a mat engem Bindestréch getrennt gëtt.

Beispiller:

  • ␣␣␣92022183 (92-22183) Knapp: Elliptic curves (Buch)
  • ␣␣2002024184 (2002-024184) Marker: Model theory (Buch)
  • n␣␣50036535 (n50-36535) Guy Davenport (Persoun)
  • n␣␣94112934 (n94-112934) Barack Obama (Persoun)
  • no2008168642 (no2008-168642) United States. President (2009-: Obama) (Persoun)
  • sh␣85092242 (sh85-92242) Noncommutative rings (Schlësselwuert)