Syrdarja
|
| |
| Längt | 2.212 km |
|---|---|
| Debit | 703 m³/s |
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 219.000 km² |
| Haaptnieweflëss | Soh |
|
| |
|
| |

De Syrdarja oder Syr Darya (usb. Sirdaryo, tadj. Сирдарё, kasach. Sırdarïya, russ. Сырдарья, algri. Jaxartes) ass en 2.212 km laange Floss an Zentralasien, deen an den Aralséi leeft.
Quellflëss sinn den Naryn an de Karadarja, déi allebéid aus Kirgisistan kommen an am Usbekistan am Ferganadall tëscht den Tianshan an Alai-Bierger zesummelafen. Vun do aus fléisst de Syrdarja a westlecher Richtung duerch den Dall a passéiert dann um Ufank vum Kairakkum-Stauséi d'Grenz zu Tadjikistan. E bëssen ënner dem Stauséi leeft en alt nees op den Territoire vun Usbekistan, kënnt an d'Déifland vun Turan an dréit no Norden, fir spéider a Kasachstan ze fléissen. Do leeft en a Richtung Nordwesten a forméiert den Nordrand vun der Kysylkumwüüst. Op senger Rees bewässert en déi fruchtbaarst Kottengsregioun vu ganz Zentralasien. Dowéinst kënnt säi Waasser net méi d'ganzt Joer iwwer am Aralséi un.
En extensive System vu Kanäl, vun deem der vill schonn am 18. Joerhonnert an der Zäit vum Khanat vu Kokand gebaut goufen, spaant sech iwwer déi ganz Regioun duerch déi de Floss leeft. Eng massiv Expansioun vun de Bewässerungskanäl an der Sowjetära, fir méi Kottengsfelder unzeleeën, huet ekologescher Problemer absënns fir den Aralséi mat sech bruecht. Well sech awer mëttlerweil Millioune vu Leit an der Kottengsregioun néiergelooss hunn a vun deem Secteur ofhänken, ass et praktesch onméiglech dës Situatioun nach eng Kéier riichtzebéien.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Syrdarja – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Laf vum Syrdarja op openstreetmap
