Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.020 Artikelen an 134 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … bei Uergelpäifen ë. a. tëscht Labial- an Zongepäifen ënnerscheet gëtt?
- … déi éischt Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg den 11. August 1859 tëscht Lëtzebuerg a Zoufftgen a Betrib geholl gouf?
- … Wäisse Wäin vun alle méigleche Wäindrauwen, och där mat bloelzeger Haut, gemaach ka ginn?
- … den islännesche Literatur-Nobelpräisdréier Halldór Laxness sech 1922-23 an d'Benediktinerabtei Klierf zeréckgezunn huet an do gedeeft gouf?
- … all d'Planéite vun eisem Sonnesystem no réimesche Gëtter genannt goufen, ausser d'Äerd an den Uranus?
Artikel vun der Woch

D'Zitadell vu Bitche, zu Bitche am Departement Moselle, ass eng Zitadell, déi de franséische Kinnek Louis XIV uleeë gelooss huet, nodeems en d'Stad 1680 ageholl hat. De Festungsingénieur Sébastien Le Prestre de Vauban huet d'Pläng entworf, an no 14 Joer Bauzäit (1683 -1697) an 2.500.000 Livres d'Or Baukäschten, eng enorm Zomm fir déi Zäit, war d'Zitadell fäerdeg. Duerch den Traité vu Rijswijk tëscht Fransousen a Spuenier, 1697, war Bitche awer erëm un de Leopold I. vu Loutrengen gefall, an d'Zitadell huet misse geschleeft ginn. Zwee Joer laang, 1697–1698 war e flammännescht Regiment, dat extra zu deem Zweck op Bitche geschéckt gi war, domat beschäftegt, dat ganzt ofzerappen.
De Fridden tëscht Fransousen a Spuenier war awer nëmme vu kuerzer Dauer, a scho 1701 ass de Spuenesche Successiounskrich ausgebrach. Franséisch Truppen hu Bitche op en Neits besat an hunn d'Zitadell erëm nom Vauban senge Pläng opgebaut.
1736 ass Loutrengen un den exiléierte polnesche Kinnek Stanislas Leszczyński gefall, deem seng Duechter de franséische Kinnek Louis XV bestuet hat. 1738 huet hie sech engagéiert, mat der Autorisatioun vum Kinnek, d'Zitadell vu Bitche weider opzebauen a se sou zu engem Deel vum System vun de befestegte franséische Grenzstied ze maachen... > méi

Op engem 7. Abrëll
- 1614: Doud vum griichesche Moler El Greco.
- 1770: Gebuert vum engleschen Dichter William Wordsworth.
- 1822: Brasilien gëtt onofhängeg vu Portugal.

Billie Holiday - 1915: D'US-amerikanesch Sängerin Billie Holiday kënnt op d'Welt.
- 1939: Den US-amerikanesche Filmregisseur Francis Ford Coppola gëtt gebuer.
- 1939: Italien annektéiert Albanien.
- 1948: D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt gegrënnt.
- 1988: Doud vun der Lëtzebuerger Politikerin Lydie Schmit.
Kierzlech Verstuerwen

- 30. Mäerz: Chan Santokhi, surinamesche Politiker.
- 23. Mäerz: Valerie Perrine, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Mäerz: Lionel Jospin, franséische Politiker.
- 20. Mäerz: Nicholas Brendon, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. Mäerz: Chuck Norris, US-amerikanesche Kämpfer a Schauspiller.
E Bléck op…
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
